D’Gestioun vum Haff
-
Jean-Louis Colling
-
Alice von Roesgen
-
Greg Colling
Am Joer 2000 hu mir de Bauerenhaff vun den Eltere vum Alice iwwerholl. De Jean-Louis, dee virdrun als Departementschef an enger Lëtzebuerger Bank geschafft huet, huet am Alter vu 40 Joer decidéiert, mat senger Famill op d’Landwirtschaft ëmzeklammen.
Mir hunn eis fir eng méi ëmweltfrëndlech Gestioun entscheet an esou hu mir am Joer 2001 d’Transitioun hin zur Biolandwirtschaft gewot, woubäi mir grousse Wäert op eng nohalteg Produktioun leeën.
Iwwer d’Joren hu mir ëmmer probéiert, den direkte Kontakt mat eise Clienten ze fërderen, well et eis wichteg ass, gesond Liewensmëttel fir eis Matmënschen ze produzéieren an dat ganz onofhängeg vu groussen Entreprisen. Zënter Joren ënnerstëtze mir aktiv d’Fuerschung am Beräich vun der biologescher Landwirtschaft. Aus deem Grond schaffe mir och mam IBLA (Lëtzebuerger Institut fir Biolandwirtschaft) zesummen.
Säit 2020 hëlt eise Jong, de Greg, aktiv un der Gestioun vum Haff deel. Mat senger Erfarung als Sozialpedagog beräichert hien eise Familljebetrib mat enger frëscher Perspektiv an neien Iddie fir d’Zukunft.
Déieren a Felder

Bio-Poulet
Eis Hénger hunn all Dag fräien Zougang zu enger grousser Wiss vu bal 4 Hektar, wou se sech fräi beweege kënnen. Mir hunn eng Rass gewielt, déi lues wiisst, fir héichwäertegt Fleesch ze garantéieren. Hir Liewenserwaardung ass ronn dräimol méi laang wéi déi vun Hénger aus industrieller Zuucht, wat et erlaabt, hiren natierleche Wuesstum ze respektéieren. Weeder d’Verwendung vun Antibiotiquen als preventiv Moossnam nach geneetesch modifizéiert Rasse komme fir eis a Fro.
Bio-Limousin
Vum Fréijoer bis an de spéiden Hierscht genéissen eis Ranner d’Liewen op der Weed. Am Wanter, wann et kal an naass ass, kommen d’Béischten an eisem grousse gemittlechen, oppene Stall mat vill Stréi ënner a gi mat Hee, Lisär (Luzerne), Kléi a Müsli aus eegener Produktioun gefiddert.
Et ass eis wichteg, all Déier säi Liewe laang ze begleeden, vun der Gebuert bis et geschluecht gëtt. Esou kënne mir net just d’Wuelergoen, mee och d’Qualitéit vum Fleesch bei all Etapp sécherstellen. Nom Schluechte gëtt d’Fleesch um Bauerenhaff jee no Wonsch vum Client zerschnidden. Et gëtt näischt verbëtzt: All Deel vum Déier gëtt geschat an entspriechend verpaakt. Fir eis sinn Nohaltegkeet an de Respekt virun de Liewensmëttel net nëmme Prinzippien – et sinn d’Grondlage vun eisem Betrib.
Eis Felder
De Buedem ass net just d’Grondlag vun eiser Aarbecht, mee vum Liewen. Dofir ass et essentiel fir eis, eis Biedem esou ze kultivéieren, datt hir Fruchtbarkeet fir zukünfteg Generatiounen erhale bleift. Duerch eng reegelméisseg an duerchduecht Wiesselwirtschaft behale mir en héijen Humusgehalt op eise Stécker. Dëst verbessert engersäits de Wuesstum vu ville Planzen, anerersäits bitt et Insekten en natierleche Liewensraum, wat erëm zur Biodiversitéit an engem méi schéine Landschaftsbild bäidréit.
Mir benotze Leguminose wéi Lisär, Kléi oder Ierbessen, fir eis Biedem mat Stéckstoff unzeräicheren. Dës Planzen hunn d’Fäegkeet, de Stéckstoff aus der Loft ze bannen an am Buedem ze fixéieren, wouvu spéider Kulture profitéieren. Esou kënne mir ouni cheemesch Düngemëttel auskommen, deenen hir Produktioun eng grouss Quantitéit u fossillen Energien erfuerdert, an eisen Impakt op d’Ëmwelt reduzéieren.
Eis Partner
Dank eise Partner, déi ënnen opgelëscht sinn, si mir amstand, eise Bauerenhaff no den Ufuerderunge vum Marché, der Ëmwelt an der Politik ze riichten.