Wann Dir un eise Bio-Limousinsprodukter interesséiert sidd, da kontaktéiert eis w.g.l. a mir setzen Iech op eis Waardelëscht. Fréier Clientë ginn eemol am Joer an der Wantersaison kontaktéiert.
-
Fleesch-Box
Dës praktesch Box enthält eng Selektioun vun all eise Rëndfleeschprodukter. Mat ronn 17 kg ass se perfekt op de Joresbedarf vu klenge Stéit zougeschnidden.
-
1/4
E Véierel vun engem jonke Karelshaffer Rand, op Wonsch geschnidden. Dir kritt tëscht 35 a 45 kg Fleesch – ideal fir kleng Familljen.
-
1/2
Fir Famillje vu 4 bis 6 Persounen. Mir schneiden d’Fleesch esou, datt et Äre Besoinen entsprécht.