Eis Philosophie
„Wann et eng Saach gëtt, déi ech an de leschte Jore geléiert hunn, dann ass et, datt Solidaritéit vis-à-vis vun eise Matmënschen net duergeet; mir mussen och der Natur Respekt entgéintbréngen.
D’Sécherheet an de Schutz vun all Mënsch kënnen nëmme garantéiert ginn, wa mir déi natierlech Ressourcen esou benotzen, datt jidderee laangfristeg Accès zu genuch an zu gesonde Liewensmëttel huet.
Well d’Rostoffer ëmmer méi knapp ginn an d’Pressiounen op eis Ëmwelt weider zouhuelen, wäert dëst nëmmen duerch Bio-Landwirtschaft méiglech sinn.“
- Greg Colling





Bio-Landwirtschaft
Bio-Landwirtschaft ass eng nohalteg Form vun der Agrikultur, bei där de Respekt fir d’Ëmwelt an d’Wuelbefanne vun den Déieren eng zentral Roll spillen.
Se baséiert op verschiddene Grondprinzippien: dem Verbuet vun der Notzung vu syntheetesche cheemesche Produiten (Dünger, Pestiziden), dem Recycléiere vun organescher Matière, dem Wiessel vu Kulturen an der naturbaséierter Bekämpfung vu Parasitten.
D’Déiere ginn extensiv gehal ënner Konditiounen, déi un hir Natur ugepasst sinn, a kréien haaptsächlech Bio-Fudder, dat um Bauerenhaff produzéiert gëtt. Sollt en Déier krank ginn, ginn natierlech Traitementer virgezunn.
Beim Verschaffe vu Produkter si syntheetesch Zousätz wéi Geschmacksverstäerker, Faarfstoffer oder Konservéierungsmëttel verbueden. Änlech ass et mat der ioniséierender Bestralung vu Liewensmëttel, fir se ze steriliséieren oder hir Konservéierungsdauer ze verlängeren, an och de Gebrauch vu geneetesch modifizéierten Organismen (GVOen) ass streng verbueden.
Déi ganz Produktiounskette fir Bio-Produkter – vum Feld bis an d’Kichen – ënnerläit strenge Kontrollen, déi duerch déi europäesch Direktiv zur Bio-Landwirtschaft definéiert sinn.
Op d’mannst eemol am Joer ginn d’Betriber op Niveau vun der Produktioun, der Weiderveraarbechtung, der Distributioun an dem Import vun enger privater Kontrollinstanz iwwerpréift, déi vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau agreéiert gouf.
Wann alles konform ass, gëtt en Zertifizéierungsbeschloss un de Betrib oder d’Entreprise ausgestallt. Bei engem Verstouss an deemno wéi schwéier dësen ass, kann d’Bio-Zertifizéierung entzu ginn, woumat een och d’Recht verléiert, seng Produkter als „bio“ ze vermaarten.
De Gebrauch vun de Begrëffer „biologesch“ oder „ekologesch“ an den Ofkierzunge „bio“ oder „eko“ ass landwirtschaftleche Produkter virbehal, déi den Ufuerderunge vun der europäescher Direktiv zur Biolandwirtschaft entspriechen.
Wann e Produkt eng vun dëse Bezeechnungen am Handelsnumm huet, muss et zu 95 % aus landwirtschaftlechen Zutaten aus biologeschem Ubau bestoen, soss däerf de Begrëff „bio“ nëmmen an der Ingredientslëscht virkommen.
D’Identifikatiounsnummer vum Kontrollorgan muss op der Verpackung stoen an ass eng Garantie fir de Konsument, datt et sech ëm e Bioprodukt handelt. Dës Nummer setzt sech follgendermoossen zesummen:
- LU-BIO-xx
- DE-xxx-Öko-Kontrollpunkt
Zënter dem 1. Juli 2010 muss den EU-Bio-Logo op der Etikett virkommen an och d’Originn vun den Zutaten (Numm vum Ursprongsland oder den Hiweis „EU-Landwirtschaft“ / „Net-EU-Landwirtschaft“) muss gekennzeechent sinn.