mat Passioun derbäi zënter 2002

De Karelshaff

Um Karelshaff leeë mir grousse Wäert op eng perséinlech Bezéiung mat eise Clienten, dofir ass den Direktverkaf essentiel fir eis. D’Wuelbefanne vun eisen Déiere steet am Mëttelpunkt vun all eise Produktiounsschrëtt a mir sinn iwwerzeegt, datt dëst d’Grondlag fir qualitativ héichwäerteg Produkter ass.

Aus dësem Grond setze mir op eng nohalteg an ëmweltschounend Produktioun am Aklang mat der Natur.

Méi rausfannen

De frësche Wiseleefer

Bio-Poulet

Véiermol am Joer hutt Dir d’Méiglechkeet, Bio-Poulet bei eis um Karelshaff ze bestellen.

Mir bidden eng breet Gamm u Fleeschprodukter vun eisem Bauerenhaff un, déi am Aklang mat de Prinzippie vun der Bio-Landwirtschaft sinn. Nom Schluechte gëtt d’Fleesch preparéiert, fir datt et méiglechst séier verpaakt an un de Client weidergereecht ka ginn.

Vum Poulet

BIO-RËNDFLEESCH VUM KARELSHAFF

Bio-Rëndfleesch

D’Karelshaffer Bio-Rëndfleesch ass d’Resultat vun enger Beweedungswirtschaft, déi de Respekt fir d’Wuelbefanne vum Déier mat héichwäertegem Fudder kombinéiert. All Wanter schluechte mir selwer eis jonk Ochsen an der Metzlerei op eisem Bauerenhaff a verpaken d’Fleesch no de Wënsch vun eise Clienten.

Jee no Bedarf a Virléift kënne mir eist Qualitéitsfleesch op dräi Manéiere fir Är Commande zerschneiden.

Vum Rand

Entdeckt eisen Haff: Landwirtschaft mat Passioun