Eis Partner

Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg

D'Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl ass d'Vertriedung vun den Interessen vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg. Mir engagéieren eis fir d'Interesse vun de Biobaueren a Veraarbechter ze verdeedegen, souwuel op politeschem an administrativem Niveau wéi och op ëffentlechem a gesellschaftleche Niveau.

Link op d'Websäit

Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie

D'"IBLA" ass de Kompetenzzentrum fir Fuerschung a Berodung am Beräich vun der biologescher Landwirtschaft a Wäibau zu Lëtzebuerg. Ënnert dem Motto "Fuerschung fir Praxis" leet d'IBLA net nëmmen der Fuerschung grouss Wäert, mä och op déi séier Ëmsetzung vu Resultater a Wëssen an d'Praxis duerch Berodung, Seminaren, Feldversuchsbesich a verschidde aktuell Informatiounsbroschüren.

Link op d'Websäit

Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg

D'Baueren musse sech zesummeschléissen, fir fäeg ze sinn, Kontrakter an der Wäertkette ofzeschléissen. D'Missioun vu Kooperativen a Produzentegruppen ass et, d'Bauereproduktioun zesummenzebréngen. Ouni sou Solidaritéitsgruppen kéinten d'Liwwerufuerderunge vu spezialiséierte Veraarbechter an Distributeuren net erfëllt ginn; nëmme ganz grouss spezialiséiert Bauerenhäff géifen iwwerliewen.

Link op d'Websäit